Virdeeler vun engem eegenem  Gaart.

 Äert eegent Geméis ubaue bitt vill Virdeeler déi wichteg si fir Är Gesondheet an Äre Budget: D'Geméis ass fräi vu Pestiziden. Hausgemaachte Geméis ass fräi vun den aggressiven Dünger, déi an der Landwirtschaft benotzt ginn. Dir hutt Kontroll iwwer d'Kultivatiounsmethoden a kënnt op chemesch Substanze verzichten. Frësch  Geméis aus dem eechenem Gaart schmaacht einfach besser. Dir kënnt alles, Tomaten, Gromperen, Wuerzelen, Zalot an an an, direkt virun der Virbereedung an de Gaart siche goe,  an de volle Geschmaach genéissen. Am Supermarché gëtt  dacks vill Zäit tëscht der Recolte an dem Konsum verluer, dat heescht datt Vitaminne verluer ginn.  Geméis aus dem eechenem Gaart gëtt och vill méi bëlleg. Duerch Äert eegent Geméis, reduzéiert Dir Transportkäschten a Verpackungsmaterial. Dëst ass net nëmmen ëmweltfrëndlech, mee och nohalteg.  Ze wëssen datt ee séin  eegent Geméis ugebaut huet, gëtt engem Gefill  eppes erreecht ze hunn. Et ass eng schéin a lounend Aktivitéit déi Dir mat Ärer Famill deele kënnt. 

Klenggäertner leeschten en wichtegen ökologesch Aarbecht an eiser Stad. Op dëst duerch Aartevillfalt, Strukturräichtum, Notzung vun Reewaasser oder de verzicht op Pestiziden. Natur-Gäert beräicheren Flora an Fauna an verbesseren eist Klima an der Gemeng

De Gaart, e flotten Hobby fir ganz Famill

Ween e Gaart huet, leescht e wichtegen Deel zu der Erhalung vun der Natur, fuerdert duerch méi Gréng's,  d'Vilfalt  an natierlech Liewensraim fir verschidden Planzen an Déier-Aarten. Och  de Mënsch villt sech am Gaart wuel, e dass eng kléng Oas an eisem Stressegem Alldag.

Dofir steet de Gaart an Heem Nidderkuer  ënnerstëtzt och dir eise Veräin, mat nëmmen 10 Euro am Joe

Gitt och Dir Member an eisem Veräin   Email: ctfnidderkuer@outlook.de

                                       Bankverbindung:„BCEE“  LU23 0019 1155 8406 3000