Gaart an Heem Nidderkuer a.s.b.l.



Gaart an Heem Nidderkuer „Bamschnëtt“

 

De Bamschnëtt-cours, deen zu Nidderkuer an eiser Cité Jardinière stattfonnt huet a vun der CTF-Liga organiséiert war, huet sech als wäertvollt a léierräich Event fir all Participante gewisen. Ënnert der fachlecher Leedung vum Remy Bintener, engem erfuerene Bamexpert, kruten d'Participante wäertvoll Ablécker  a praktesch Instruktioune fir en Uebstbam  ze schneiden. Am ganzen hunn 12 Leit um Cours deelgeholl, dorënner Membere vum Veräin, an och Hobbygäertner. D'Gruppegréisst huet eng intensiv an individuell Ënnerstëtzung erlaabt, sou datt all Participant seng Kompetenzen a Wëssen ausbaue konnt De Cours huet ugefaang mat enger theoretescher Aféierung, an där d'Basis vum Bamschnëtt erkläert gouf. De Remy Bintener huet iwwer déi verschidden Ausschnëtt-Techniken an hir Wichtegkeet fir d'Gesondheet an d'Wuesstem vun de Beem geschwat. Och huet hien dat richteg Geschier vir de Bam ze schneiden, erkläert a virgefouert. Duerno koum de prakteschen Deel, an deem d'Participanten d'Méiglechkeet haten, dat wat se geléiert haten direkt ëmzesetzen. De Feedback vun de Participanten war positiv. Vill hunn hier Begeeschterung ausgedréckt fir déi kloer a verständlech Erklärunge souwéi déi praktesch Übungen, déi hinne gehollef hunn hiert theoretescht Wëssen an d'Praxis ëmzesetzen. De Bamschnëtt an eiser Cité Jardinière zu Nidderkuer war e vollen Erfolleg an huet zu der Weiderbildung vun de Participanten bäigedroen. Duerch déi kompetent Leedung vum Remy an der engagéierter Participatioun, konnt jidderee wäertvoll Wëssen a praktesch Erfarung sammelen, déi an Zukunft bei der Betreiung an ausschneide vun hiren Uebstbeem hëllefräich sinn. Bei nach schéinem Wieder ass du mat engem gudde Patt de Bamschnëtt an den Dag op en Enn gaangen.

Allen Participanten e grousse Merci.

Arthur Wintringer

Sekretär


Wéi ginn Uebstbeem richteg geschnidden?

Den 22. Mäerz 2025 um 14:30 Auer organiséiert eise Veräin mam Här Remy Bintener an eiser Cité Jardinière zu Nidderkuer wéi een Uebstbeem richteg zeréckschneit.

All interesséiert Persounen, sinn häerzlech invitéiert un dësem Cours deelzehuelen fir wäertvoll Techniken a Wëssen iwwer d'korrekt Ausschneide vun Uebstbeem ze léieren.

Um Programm:

• Praktesch Instruktioune fir Uebstbeem richteg zeréckzeschneiden

• Tipps an Tricks vum Expert Remy Bintener

• Froen an Äntwerten fir individuell Bedenken

Mellt Iech w.e.g. un beim Sekretär Arthur Wintringer GSM: 621 14 72 71 oder

per Mail: monithurwi@pt.lu

D'Participatioun ass gratis

Mir freeën eis op Är Participatioun an Iech ze .hëllefen, Är Uebstbeem gesond a produktiv ze halen

Comment tailler correctement les arbres fruitiers ?

Le 22 mars 2025 à 14h30, notre club organisera un cours sur la taille correcte des arbres fruitiers avec M. Remy Bintener dans notre Cité Jardinière à Niederkorn.

Toutes les personnes intéressées sont cordialement invitées à assister à ce cours pour apprendre des techniques et des connaissances précieuses sur la taille correcte des arbres fruitiers.

programme :

• Instructions pratiques pour tailler correctement les arbres fruitiers

• Conseils et astuces de l'expert Remy Bintener

• Questions et réponses pour les préoccupations individuelles

Veuillez vous inscrire.  Chez le secrétaire Arthur Wintringer GSM : 621 14 72 71 ou

par email : monithurwi@pt.lu

La participation est gratuite.

 

Nous attendons avec impatience votre participation et vous aidons à garder vos arbres fruitiers sains et productifs.


Fotoausstellung fir den 100. Anniversaire vum Gaart an Heem Nidderkuer a.s.b.l

E Joer voller Festlechkeeten an Erënnerungen. 

Ab Januar 2025 feiert  "Gaart an Heem Nidderkuer a.s.b.l". séin 100. Anniversaire, déi mat enger Rei vun Evenementer a Festlechkeeten am ganze Joer gefeiert ginn. En  vun dësen Aktivitéiten war déi beandrockend Fotoausstellung, déi déi räich Geschicht an Entwécklung vum Veräin dokumentéiert huet. D'Evenement, dat an der Nidderkuerer Sportshal stattfonnt huet, war e grousse Succès an huet eng grouss Unzuel vu Visiteuren aus der Gemeng an doriwwer eraus ugezunn, an huet en déifgräifend Abléck an d'Vergaangenheet an Haut ugebueden. Vill Visiteuren hunn Presentatioun vun den ausgestallte Biller gelueft. D'Ausstellung huet de Léit net nëmmen Abléck an d'historesch Entwécklung vum Veräin ugebueden, mee och an d'perséinlech Geschichten a Bäiträg vu senge Memberen. Et ass inspiréierend ze gesinn, wéi Veräin „Gaart an Heem Nidderkuer a.s.b.l.  iwwer d'Jore gewuess an e positiv Afloss op eis Gesellschaft hat.

 

E grousse Merci geet un eis Gemeng, déi dës Ausstellung gutt ënnerstëtzt huet. Ouni hir Hëllef wier et net méiglech gewiescht dës Ausstellung an dësem Format ofzehalen. Mir wëllen och all eise Benevollen a Visiteuren en häerzleche Merci soen. Hiren Engagement a Participatioun hunn d'Ausstellung zu engem onvergiesslechen Event gemaach.


Pressebericht

 Musique Militaire Grand-Ducale“ 09.02.2025

 Ein hervorragender Musikalischer Nachmittag zum Auftakt von unserem 100 Jährigem Jubiläum.

fir de Bericht ze Liesen,  Foto uklicken.

Pour lire le rapport, cliquez sur la photo.

 Um den Bericht zu lesen, klicken Sie auf das Foto

Eist zweet Evenement vun eisem 100 Jubiläum. Musique Militaire Grand-Ducale  09.02.2025.

"Gaart an Heem Nidderkuer a.s.b.l." En exzellente musikaleschen Nomëtteg fir eisen 100. Anniversaire unzefänken.

En Event voller Musek a Charity

Den 9. Februar 2025 am Kader vun eisem 100. Anniversaire huet den Nomëtteg um 16 Auer ugefaang mat der Arrivée vun de Gäscht, déi den Dag an der Musek verbrénge wollten. Am Mëttelpunkt vum Nomëtteg stoung de renomméierte Lëtzebuerger Militärorchester "Musique Militaire Grand-Ducale", ënnert der Leedung vum Lt Jean Thill, dee mat senger impressionanter musikalescher Leeschtung d'Häerzer vun de Gäscht ageholl huet. Den Orchester bestoung aus talentéierte Museker, déi hiert Handwierk beherrscht an eng breet Palette u Musek presentéiert hunn, vu klassescher bis modernen Arrangementer. En flotten Nomëtteg mat gudder Musek, villen Gäscht a villen Donen war e vollen Erfolleg. Mir hoffen, datt all Eventer an eisem Programm grad esou erfollegräich sinn a weiderhin e positiven Bäitrag leeschten.

 

Weider Fotoen an de ganze Presse-Bericht op eiser Homepage www.ghnidderkuer.lu

Merci dem Fotograf dem Här Koneczny Lucien.


 

Pressebericht

Generalversammlung 19.01.2025

 fir de Bericht ze Liesen,  Foto uklicken.

Pour lire le rapport, cliquez sur la photo.

Um den Bericht zu lesen, klicken Sie auf das Foto.

Eist éischt Evenement vun eisem 100 Jubiläum. Generalversammlung 19.01.2025.

Den 19 Januar 2025 war déi Honnertste Generalversammlung vum Gaart an Heem Nidderkuer. Vill Memberen, Frënn an Invitéë waren der Invitatioun nokomm a sinn an der Sportshal zu Nidderkuer Häerzlech vum Veräinspresident empfaange ginn. No engem ausféierlechem Joresbericht a Keesebericht mat enger flotter PowerPoint Show an Éierunge vu verschidde Memberen hunn dann och nach d'Éieregäscht dem Veräi fir hier gutt Aarbecht felicitéiert a vir hier 100 Joers Feier gratuléiert.  DÉIFFERDENGER KÄSCHTEFRËNN HUNN DANN OCH NACH E SCHECK VU 500 EURO IWWERREECHT KRIT. Eng flott G.V. Merci un all déi Persounen déi en hei drun deelgeholl hunn. 

Merci och eisem Fotograf dem Här Koneczny Lucien


         1925 - 2025                Mir feieren eis 100 Joer

 Eist éischt Evenement   19/01/2025

De Comité vum Gaart an Heem Nidderkuer a.s.b.l.  

invitéiert Iech häerzlech op seng uerdentlech

          Generalversammlung

 

déi e Sonndeg , den 19. Januar  2025 um 16:00 Auer

an der Nidderkuerer Sportshal (1, rue Pierre Gansen) ofgehale gëtt.

 

                  Dagesuerdnung

 

1. Usprooch vum  President Jerry Haupert

2. Aktivitéitsrapport 2024 vum Sekretär  Arthur Wintringer

3. Rapport vum Keessjee 2024  Alain Schartz

4. Rapport vun den Keesereviseuren 2024 an Decharge vum Keessjee

5. Paus

6. Neiwal vum Comité 2025

7. Neiwal vun den Keesereviseuren 2025

8. Preis vun den Memberskaarten 2025

   9. Éierung vun eise laangjärege Memberen

                             10. Fräi Aussprooch

                             11. Virstellung vun eisem Organisatiounscomité fir eis 100 Joer-Feier 2025,   Jean Lorgé

 

D’Kandidaturen fir de Comité, sinn bis den 15. Januar 2025 un eise Sekretär (Arthur Wintringer) ze schécken .

 

All Member, deen seng Invitatioun mat op d’Generalversammlung bréngt, kritt vum Comité vum Gaart an Heem Nidderkuer e flotte Kaddo iwwerreecht.

 

Fir d’Ouverture vun eiser 100-Joer-Feier invitéiert de Veräin all seng Memberen offiziell no der Generalversammlung op e Patt an e klenge Maufel.

 

„Wann Dir eise Veräin finanziell ënnerstëtze wëllt, kënnt Dir dat maachen mam Vermierk 

100-Joer-Feier Gaart an Heem Nidderkuer, (BCEE - Konto LU92 0019 7555 6181 4000.

 

 Mir soe Merci fir Är Ënnerstëtzung!“


Eist zweet Evenement  09/02/2025